arrow_back_ios
Kultur
Bodyfiction(s) am MNHA
Zanter 2006 bedeelegt sech Lëtzebuerg all zwee Joer um EMOP: also um European Month of Photography, deen an - a vun - aacht europäesche Stied gemeinsam organiséiert gëtt. 2019 ënner dem Titel "Bodyfiction(s)". Op 16 Plazen uechtert d'Land kënnt Dir den Ament Fotoaarbechte vun deelweis relativ jonke Fotokënschtler entdecken. Falsch: an der Haaptsaach FotokënschtlerINNEN. D'Kerstin Thalau huet am Nationalmusée mat der Malgorzata Nowara, Conservatrice des Beaux-Arts, iwwer hir EMOP-Expo geschwat.