Invité:e vum Dag
Christophe Buschmann
Virun engem Joer - genee: de 25. Mee 2018 - ass déi europäesch Dateschutz-Reglementatioun a Kraaft getrueden. Ufanks war d'Opreegung grouss, well Entreprise, Verwaltungen an Associatiounen eng Rei Oplage gemaach kruten, wéi se mat de perséinlechen Donnéeë vu Cliente, Leit a Memberen sollten ëmgoen. Deenen, déi sech net un déi nei Reegele géifen hale, goufe Sanktiounen an Aussiicht gestallt. Wéi ass d'Situatioun ee Joer duerno? Doriwwer schwätzt de Maurice Molitor mam Christophe Buschmann vun der nationaler Dateschutz-Kommissioun.