Kultur
D'Affer vun NS-Militärgeriichter
D'Militärjustiz ënner dem Nazi-Regime steet am Mëttelpunkt vun enger Wanderausstellung, déi elo zu Lëtzebuerg ze gesinn ass. Och vill Lëtzebuerger Deserteuren a Refractairë ware während dem Zweete Weltkrich vun däitsche Militärgeriichter veruerteelt ginn - d'Erfuerschung vun deem historesche Volet stécht allerdéngs nach an de Kannerschung. "'Was damals Recht war ...' - Soldaten und Zivilisten vor Gerichten der Wehrmacht" gesäit een de Moment um Europäesche Geriichtshaff, duerno um Campus Geesseknäppchen. E Bäitrag vum Michel Delage.