Panorama
Panorama
Haut ass de leschten Dag vun den Europawahlen, éischt Resultater sollen um 11 Auer publizéiert ginn.
D'Wahlbedeelegung ass éischten Estimatiounen no a bal all den EU-Memberlänner an d'Luucht gaange par Rapport zum leschte Vott viru fënnef Joer. Zu Lëtzebuerg sinn der Presidentin vum Haaptwahlbüro um Lampertsbierg, der Joséane Schroeder, no, tendenziell manner Leit wiele gaange wéi 2014.
Enger Trendprognos no wier d'ÖVP vum Bundeskanzler Sebastian Kurz an Éisträich de klore Gewënner. D'FPÖ hätt nom rezente Video-Skandal zwee Sëtz verluer.
Stonnelaang Waardezäiten bei de Wahlbüroe fir rumänesch Staatsbierger a ville Stied.
An der Belsch waren haut Parlaments- a Regionalwahlen, do schéngt sech eng Victoire vun de flamänneschen Nationalisten ze confirméieren.
Et gi Rumeuren iwwer eng méiglech Fusioun vu Renault a Fiat Chrysler
Formel 1: Victoire fir WM-Spëtzereider Lewis Hamilton beim Grousse Präis vu Monaco.