arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Manuel Müller
D'EU wielt - bis e Sonndeg kennen d'Bierger an all de Memberstaaten doriwwer ofstëmmen, wie si am Europaparlament zu Stroossbuerg vertrëtt. Mee wéi grouss ass den Afloss vum Parlament? A wat kéint een ënnerhuelen, fir datt d'EU-Bierger sech besser vun hiren Europadeputéierte representéiert fillen? Dat huet de Rick Mertens de Berliner Politolog Manuel Müller gefrot.