Kultur
Marta Pereira Da Costa
Op d'Stëmm vun der Marta Pereira Da Costa braucht Dir op dësem Album - deen einfach hiren Numm dréit - net ze waarden ... op kengem vun deenen 13 Lidder. Sangen dinn anerer, d'Inviteeën - si selwer spillt eent vun den typeschste Fado-Instrumenter, déi een an deem Genre begéint: déi portugisesch Gittar.
Gespillt oder gezupft gëtt dëst Instrument gemengerhand vu Männerhand. D'Stëmm am Fado, dat ass allermeeschtens d'Fra, d'Gittar de Mann ... op d'mannst bis d'Marta Pereira Da Costa 2012 de biergerleche Beruff vun der Bauingenieurin un de Nol gehaangen huet ... a mat dëser Traditioun gebrach huet! Detailer Fred Medernach.