arrow_back_ios
Kultur
Den Chien Chung Pei op Visite am Pei-Musée, 2017
De 16. Mee 2019 ass den Ieoh Ming Pei, den Architekt vum Mudam, am Alter vun 102 Joer gestuerwen. Nach virun 2 Joer war säin 100. Anniversaire zu Lëtzebuerg gefeiert ginn, allerdéngs ouni de Stararchitekt, vu datt a senger Heemechtsstad New York scho viru laanger Zäit eng Gebuertsdag s-Party mat e puer honnert Gäscht geplangt gi war. Dowéinst war säi Fils, den Chien Chung -kuerz Didi- Pei nodréiglech a stellvertriedend fir eng Konferenz an eise Pei-Musée komm. An en hat dunn dem Kerstin Thalau en Interview ginn.