Kultur
Kierperen an hir Geschicht um siwenten EMOP
Den EMOP, de European Month of Photography, ass e Gemeinschaftsprojet vun aacht europäesche Stied, nämlech Athen, Berlin, Budapest, Bratislawa, Ljubljana, Paräis, Wien a Lëtzebuerg. 2019 lancéiere si de siwenten EMOP ënner dem Sujet "Bodyfictions". A 16 verschiddene Lieue kënnt Dir deemno zu Lëtzebuerg Fotoausstellunge gesinn, an deenen nei fotografesch Representatioune vum Kierper a vun der mënschlecher Figur am Mëttelpunkt stinn. Tëschent dem 15. an dem 18. Mee sinn d'Vernissagë vun de wichtegsten Expoen. Explikatioune vum Kerstin Thalau.