arrow_back_ios
Kultur
De Marco Godinho an e Mier vu Méiglechkeeten
Virun e puer Deeg ass déi 58. Editioun vun der Konschtbiennale vu Venedeg opgaangen. Et ass déi éischte Kéier, datt e Kënschtler vu Lëtzebuerg säi Wierk net isoléiert an engem Lëtzebuerger Pavillon um Kanal presentéiert, mee matzen am Haaptausstellungsareal L'Arsenale. Am Juni hat e Jury de Marco Godinho als Representant fir de Grand-Duché selektionéiert. Wéi huet de Kënschtler de Montage an de Vernissage op der Biennale erlieft? D'Kerstin Thalau mat Impressioune vu Venedeg.