Kultur
Neos am CNA
Den italienesche Fotograf Ezio D'Agostino, Joergang 1979, hat am Fong net geduecht, datt en emol dräi Méint zu Lëtzebuerg liewe géif. Mee vu datt de CNA, de Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng, eng Fotokënschtler-Residenz ausgeschriwwen hat, déi interessant geklongen huet, huet den D'Agostina sech einfach emol gemellt an ass och geholl ginn. Säi Sujet: den industrielle Passé, de finanzielle Present an de galaktesche Futur vu Lëtzebuerg mat der Kamera afänken. D'Kerstin Thalau war dem Fotograf seng Ofschloss-Expo an de CNA kucken.