Blue Note
Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land
De Marly Marques Quintet bréngt säin 3. Opus eraus mam Titel "Sea Change". D'Museker sinn am Studio fir méi driwwer ze zielen.
De Batteur Denis Baeten huet Lëtzebuerger-belsch Originnen. Hie schléisst zu Rotterdam momentan säi Master am Jazz of a spillt am Liberati Quartet, deen elo säin éischten Album erausbréngt, ënner dem Numm "Countertime". Den Denis Baeten war am Studio.
De Like a Jazz Machine 2019 zu Diddeleng, de Rymden Trio mat bekannte Museker an der Philharmonie, dat sinn ë. a. déi nächst Jazz Rendez-vousen am Land.