arrow_back_ios
Kultur
E "Premier Prix" fir d'Claudine Maillet
Knapps 150 Kënschtler haten eng Kandidatur fir déi 10. Biennale vu Stroossen eragereecht. E Jury huet der 23 fir d'Ausstellung zeréckbehalen, an 3 Kënschtlerinne sinn zousätzlech mat engem Präiss ausgezeechent ginn: d'Julie Majerus fir de Video "Faces Passing" mam "Prix d'encouragement", d'Dani Neumann fir hiert Gesamtwierk mam "Prix spécial" an d'Claudine Maillet fir hier Acrylmolereie mam "Premier prix". D'Kerstin Thalau huet doropshin d'Claudine Maillet an hirem Atelier zu Useldéng besicht.