arrow_back_ios
Klassik aktuell
Beethoven a Brahms um Cello
Zesumme mam Grégoire Baumberger proposéiert de jonken Cellist Cyprien Keiser Sonaten aus der Romantik. Den 11. Mee interpretéiere béid Museker souwuel dem Johannes Brahms, wéi och dem Ludwig van Beethoven seng zweet Sonat. E Méindeg (6.5.2019) war de Cyprien Keiser beim Luc Boentges am Studio fir iwwer de Concert, seng Studien an och säin Instrument ze schwätzen.