arrow_back_ios
Kultur
Wierker vum Anthony Gormley op der griichescher Insel Delos
Der privater griichescher Kulturstëftung Neon ass e Coup gelongen: si weist eng Ausstellung mat Wierker vum britesche Kënschtler Antony Gormley op der onbewunnter Insel Delos. Delos zielt zum Weltkulturierwen a war am ale Griichenland déi hellegst vun allen Inselen. Haut ass do just den Dagestourismus erlaabt an et ass déi éischte Kéier, datt den Archeologesche Rot esou e Projet zouléisst. E Bäitrag vun eiser Griicheland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis.