Kultur
"Alles kann passieren" am TNL
De Chefredakter vun der éisterräichescher Wochenzäitschrëft Falter an de Schrëftsteller Doron Rabinovici hunn e Polittheaterstéck geschriwwen, an deem si Rieden a Statements vu Politiker zu engem Mosaik zesummegestallt hunn. Et sinn déi rietspopulistesch Stëmmen, déi si hei agefaangen hu fir d'Absicht hanner de gesote Wierder ze entlarven. D'Stéck gouf am November am Wiener Akademietheater gewisen, elo gëtt dës verschafften Zitatesammlung am TNL virgedroen. De Stephan Polet huet mam Florian Klenk, engem vun den Auteuren, iwwer d'Theaterstéck an d'Sprooch vu rietse Politiker geschwat.