arrow_back_ios
Kultur
"Digital learning" (m)am Rijksmuseum zu Amsterdam
Tëschent dem 6. an dem 8. Mee 2019 diskutéiere Muséespezialisten zu Dresden, wéi si an Zukunft besser Wësse vermëttelen an d'Gesellschaft erreeche kënnen. Eng Conclusioun schéngt elo schonn ze sinn, datt d'Perspektive vun de Visiteuren nach méi ageholl misst ginn. Doranner ware sech och d'Participanten vum "digital day" am Lëtzebuerg City Museum, schonn Enn Abrëll, eens. D'Kerstin Thalau war mat dobäi an huet ënner anerem de Wouter van der Horst vum Rijksmuseum zu Amsterdam, kennegeléiert.