Konferenzen
Europa - wat en Theater
Den 18. November 2018 huet den éisträichesche Schrëftsteller Robert Menasse, d'Ulrike Guérot an de Milo Rau mat aneren Intellektuelle vun der Bühn d'Europäesch Republik ausgeruff. An hirem Manifest heescht et: "D'Europa vun den Nationalstaaten ass gescheitert. D'Iddi vum europäeschen Eenegungsprozess gouf verroden. Mënschen ze eenen an net d'Staaten ze integréieren."
Och zu Lëtzebuerg participéieren d'Schrëftsteller um Debat iwwer Europa an d'Mënscherechter, si kritiséieren de Neoliberalismus an de koloniale Pouvoir vun Europa. An Essaien, Interviewen an Theaterstécker schwätze si vun an iwwer Europa. Larisa Faber, Guy Helminger a Rafael David Kohn ënnerhale sech mam Claude D. Conter iwwer d'Verhältnis vun Theater a Politik, iwwer hir Kontinentaldiagnos an iwwer Europawahlen. D'Table ronde gouf am Mierscher Literaturzenter opgeholl.