Klassik aktuell
E spektakulären éischten Asaz
Nodeems de Fligel transportéiert an opgebaut ass, a ronn véier Wochen Zäit hat sech ze aklimatiséieren a gestëmmt gouf, ass et un der Zäit, en anzeweien. De Jean Muller iwwerhëlt dës Aufgab mat engem spektakuläre Stéck: dem Frédéric Chopin senger éischter Ballade. Et ass e Wierk, dat ganz roueg ufänkt, dann awer e Maximum vum Pianist a vum Instrument verlaangt. No dësem éischten Asaz op der Antenn kann een de Jean Muller eng zweete Kéier um 100,7-Fligel erliewen. Iwwermuer Sonndeg (5.5.2019) ass hien den Invité an der Pianosemissioun "Wäiss a Schwaarz".