arrow_back_ios
Klassik aktuell
400 Kilo an en enkt Trapenhaus
Déi designéiert Plaz vum Fligel ass am grousse Studio 8, am Keller vum radio 100,7. Well dat iwwer zwee Meter grousst Instrument net an de Lift erapasst, féiert kee Wee laascht d'Trapenhaus. Keng einfach Situatioun fir déi dräi Transporteure vum Pianohaus Hübner, zemools wann ee bedenkt, datt de Fligel ronn 400 Kilo weit an nëmmen e puer Zentimeter méi kleng ass, wéi d'Breet vum Trapenhaus.