arrow_back_ios
Kultur
D'Konschtsammlung vun der Stad Diddeleng
D'Diddelenger Konschtgalerien Nei Liicht an Dominique Lang sinn als Sprangbriet fir jonk national an international Talenter geduecht. Geklappt huet dat op Lëtzebuerger Säit zum Beispill beim Marco Godinho oder der Claudia Passeri. D'Artisten hunn do awer net just ausgestallt, d'Gemeng huet meeschtens och eng Aarbecht kaf, esou datt am Laf vun de Joren eng 400 Wierker staark Kollektioun entstanen ass. Vum 4. Mee u gëtt déi mat der Expo Coups d'oeil a béide Galerien en Valeur gesat. Explikatioune vum Kerstin Thalau.