Kultur
Prix Laurence - Nowuess-Präis 2019
Et huet geklonge wéi eng Antipode un de Summer, eng déif Ofneigung géintiwwer enger Joreszäit, déi dach esou vill Leit unzitt. Mat hirem Ofgesang un de Summer huet d'Roksan Maly, eng 16 Joer jonk Schülerin, de leschte Samschdeg de Präis fir dat beschte Wierk bei den Nowuess-Kënschtler vum Prix Laurence zu Beetebuerg gewonnen. Bei der fënnefter Editioun vum Festival, deen am Kader vum LiteraTour zu Beetebuerg leeft, huet de Jury an der finaler Ronn insgesamt 14 Nowuess-Kënschtler zeréckbehalen. De Maurice Antony war op der Plaz an huet sech mat den Auteuren an dem Jury ënnerhalen.