Ënnerschiddlech Schock-Erfarungen an de leschte Joren hunn dofir gesuergt, datt d'Europäesch Unioun méi eegen Efforten a Saache Sécherheet a Verdeedegung mécht: dës Analys mécht den Dr. Henning Riecke vum Netzwierk Deutsche Gesellschaft für Auswärtige Politik. Mat dëse Schock-Erfarunge mengt de Politikwëssenschaftler méi grouss Menacen aus Russland, de geplangte Brexit an dee méi groussen Drock vun den USA op déi europäesch Sécherheet. Iwwer d'Entwécklunge an der EU-Sécherheets- a Verdeedegungspolitik an iwwer d'Relatiounen zur NATO huet de Serge Kesseler mam däitsche Expert geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Entwécklung EU-Verdeedegungspolitik
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
