arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Michèle Detaille
Zanter dem leschten Donneschdeg huet d'FEDIL en neie President. Deen 13. an hirer Geschicht. Déi éischt PresidentIN. D'Michèle Detaille iwwerhëlt d'Successioun vum Nicolas Buck. Si iwwerhëlt net just de Posten, mee och d'Prioritéiten, déi an de leschten dräi Joer während sengem Mandat definéiert an och schonn ugaange gi sinn.