Panorama
Panorama
De Statec schätzt, datt all Joer bis zu 7.500 nei Wunnengen zu Lëtzebuerg missten entstoe fir dem Besoin gerecht ze ginn.
D'Federatioun vun de private Betreiungsstrukturen deelt d'Ausso vum Educatiounsministère net, datt eng gesond Konkurrenz tëschent de Crèchen an dem Precoce géif existéieren
Vum 13. Mee u gëtt déi final Phas ageleet fir den Tram op d'Stater Gare ze bréngen. Doduerch ginn et eng Partie Changementer bei de Busarrêten.
D'BIL huet d'lescht Joer en Nettobenefice vun 131 Milliounen Euro verbucht
D'lescht Joer hu knapp 20.000 mannerjäreg Flüchtlingen an Europa Asyl ugefrot, déi ouni Begleedung waren.
An Däitschland gouf am Nomëtteg de Chef vun der FDP, Christian Lindner, op hirem 70. Parteidag zu Berlin mat iwwer 86 Prozent vun de Stëmme vun den Delegéierten erëm gewielt
Wéinst engem Streik vun de Pilote vun der skandinavescher Fluchgesellschaft SAS sinn haut op alle wichtege Flughäfen an Norwegen, Schweden an Dänemark bal 700 Flich ausgefall.