De Watergate Hotel zu Washington ass weltberühmt. Leider net wéinst de luxuriéisen Zëmmeren, der Schwämm, oder senge Restauranten, mee éischter wéinst dem Skandal, deen dem Richard Nixon 1974 d'Presidence kascht hat. Mee dat wëllt e Lëtzebuerger änneren. De Pascal Forotti ass Managing Director an engem Hotel, deen awer och gutt vu senger Vergaangenheet profitéiert.
Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther krut eng Visite guidée fir den 100,7.