arrow_back_ios
Kultur
Konschtsquatten zu Lëtzebuerg
Konscht weisen ouni gréisser Niewekäschten: an engem Konschtsquat ass dat méiglech. D'Geschicht vun dëse Squaten ass am Ausland quasi esou al wéi d'Hausbesetzer-Beweegung. Konschtinitiativen an eidele Gebaier gouf et zu allen Zäiten, mee zanter den 1970er kann een an Europa konkret vun enger Moud schwätzen, zemools zu Wien, Berlin, Paräis, Kopenhagen. Zu Lëtzebuerg ass déi am neie Millenium opgegraff ginn. D'Kerstin Thalau huet, am Kader vun der Serie 25 Joer radio 100,7, e puer Audiobeispiller zesummegesicht.