Kultur
E béist a sarkastescht Theaterstéck mat vill Wourecht
De Lëtzebuerger Auteur Tulio Forgiarini beschäftegt sech a senge Romaner oder Zeenarie mat der Gesellschaft an de Problemer, déi mir an där Gesellschaft hunn. An esou ass dat och a sengem Theaterstéck "Vum Himmel", dat den Owend (24.4.) zu Beetebuerg am Schlass Première huet. "Vum Himmel" ass eng Comédie mat ganz vill Witz, deen deels zimlech schwaarz ass, béis a sarkastesch, mee virun allem mat ganz vill Wourecht dran. De Jean Paul Maes huet dëst Stéck mat de véier jonke Schauspiller Rosalie Maes, Elena Spautz, Luc Lamesch an Timo Wagner inzeenéiert.
De Jean Claude Majerus mat Detailer.