arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bach um Klenge Maarnicher Festival
Innerhalb vun dräi Joer wëllen de Schwäizer Geiist Sebastian Bohren an de Lëtzebuerger Organist Maurice Clement dem Johann Sebastian Bach seng sechs Sonate fir Gei an Tasteninstrument a seng sechs Partiten a Sonate fir Gei solo op d'Bühn bréngen. Am Kader vum Klenge Maarnicher Festival steet zu Helzen elo (27.4.2019) den zweete Concert aus dësem Zyklus um Programm.
De Maurice Clement ass Invité beim Luc Boentges, fir iwwer dëse Projet ze schwätzen.