Radioen

On air

Ligne 2  |  Spezial 90er Hiphop/RnB - 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Witherfall

Witherfall


Déi amerikanesch Prog Band Witherfall hunn am Mäerz hir Akustik EP "Vintage" erausbruecht, ob där et eben akustesch Versioune vun hire bestoende Stécker gëtt. Et ass eng EP, déi eigentlech am Kontext vun hirer Akustik Tour entstan ass, déi si Ufank dës Joers mat Sonata Arctica haten, an op där si eben och just akustesch Stécker gespillt hunn. Am Interview erklären de Gittarist Jake Dreyer a Sänger Joseph Michael, wéi et heizou komm ass a wéi si déi akustesch Tour erlieft hunn. Doriwwer raus goung och bësse riets iwwert hire rezenten Album A Prelude To Sorrow, op deem si den Doud vun hirem Frënd a fréieren Drummer Adam Sagan verschafft hunn, dee virun e puer Joer u Kriibs gestuerwen ass. Ausserdem gëtt et gutt Neiegkeete fir Sanctuary Fans..


Playlist


Paradise Lost - Elusive Cure


Abnormality - A Catastrophic And Catalyzing Event


Forever Still - Survive


Possessed - Shadowcult


Witherfall - Vintage Medley I


Witherfall - Ode To Despair


Allegaeon - Exothermic Chemical Combustion


NAILS - I Don't Want To Know You


Grand Magus - A Hall Clad In Gold

Episoden