Panorama
Panorama
Den Zäitpunkt vun der Päischtvakanz huet a verschiddene Gemengen zu Schwieregkeete bei der Organisatioun vun de Wahlbüroen fir d'Europawahle geféiert.
Dës ganz Woch goufen et Klimaprotester zu London. An deem Kader gouf et méi wéi 680 Arrestatiounen.
Nodeems Modifikatiounen um System gemaach goufen, deen an de Boeing 737 MAX-Fligere zu zwee trageschen Accidenter gefeéert huet, soll elo eng technesch Kontroll weisen, op d'Maschinne vun deem Typ nees dierfen an d'Loft.
Nom Mord un der Journalistin Lyra McKee bei Ausenanersetzungen tëschent paramilitäresche Gruppen an der Police virun zwee Deeg zu Londonderry an Nordirland, goufen elo zwee jonk Männer am Alter vun 18 an 19 Joer festgeholl
De Kosovo huet 110 vu senge Staatsbierger, déi a Syrien gaange waren, nees rapatriéiert.
An der afghanescher Haaptstad Kabul hunn onbekannten Täter géint der Mëtteg de Ministère fir Telekommunikatioun am Regierungsquartier gestiermt. Bei uschléissende Schosswiessel mat de Sécherheetskräfte sinn all d'Täter ëm d'Liewe komm.
D'USA feieren haut en trauregen Anniversaire. Virun 20 Joer koum et zu Littleton am Colorado zum Columbine-Massaker, bei deem zwee Jugendlecher zwielef Schüler an ee Professer aus engem Lycée erschoss haten.
No den Halleffinallen haut am Masters 1000 Tournoi zu Monte Carlo steet d'Finale fir muer fest: Den Italiener Fabio Fognini trefft op de Serb Dusan Lajovic.