Panorama
Panorama
De Gesondheetszoustand vum Grand-Duc Jean ass zanter gëschter Owend däitlech méi schlecht ginn.
Iwwer 200 Persoune si bei de bluddegen Attentater während den Ouschtermassen op Sri Lanka ëm d'Liewe komm
Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker kritiséiert déi däitsch Klimaschutzpolitik. D'Land géif sengen eegenen Ziler net gerecht ginn.
De Parquet vu Paräis huet eng Enquête an d'Weeër geleet, nodeems Demonstrante gëschter bei der 23. Protestaktioun vun de Gilets Jaunes Policebeamten dozou opgefuerdert hate sech d'Liewen ze huelen.
De Chauffer vum Bus, deen e Mëttwoch op der portugisescher Atlantikinsel Madeira verongléckt ass, mécht en technescht Versoe fir d'Accident verantwortlech.
D'Terrormiliz Islamesche Staat huet d'Attack op den Telekommunikatiounsministère gëschter am Afghanistan revendiquéiert.
PSG gëtt fir d'aachte Kéier franséische Champion.