Kultur
Eng Léift ouni Zukunft
An der däitscher Geschicht gouf am Joer 1961 en däischtert Kapitel geschriwwen, d'Konstruktioun vun der Berliner Mauer, déi Däitschland an zwee Deeler gespléckt huet. Dat selwecht Joer, 1961, stoung awer och am Zeeche vu wichtege Bicher, déi publizéiert goufen. Am Westen huet de fréieren DDR-Bierger Uwe Johnson "Das dritte Buch über Achim" erausbruecht, vum Günther Grass war et "Katz und Maus". Am Osten huet Brigitte Reimann mat "Ankunft im Alltag" hir éischt bedeitend Erzielung editéiert, a virun allem koum dem Auteur Karl Heinz Jakobs säi Roman "Beschreibung eines Sommers" op de Marché. A genee deen däitsch-däitsche Schrëftsteller Karl Heinz Jakobs hätt haut 90 Joer kritt, hien ass awer de 4. November 2015 no kuerzer Krankheet am Alter vu 86 Joer gestuerwen. Detailer mam Jean Claude Majerus.