Panorama
Panorama
D'Fixerstuff an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch geet eréischt am Juli op, ee Mount méi spéit wéi geplangt. Hannergrond fir dëse Retard ass op en Neits eng Reklamatioun an der Bauprozedur.
D'Auslänner-Organisatioun ASTI stéiert sech un zwee Passagen am Projet fir déi nei Verfassung, iwwer déi déi auslännesch Residente géifen diskriminéiert ginn.
An Däitschland kënne Leit, déi ënner Tutelle oder Vormundschaft stinn, bei den Europawahle vum 26. Mee matmaachen. Bis ewell gëtt et zu Lëtzebuerg nach keen inklusiivt Wahlrecht, dat soll sech allerdéngs änneren.
Den nationale Filmfong huet dës Woch 12 Projeten am audiovisuelle Beräich designéiert, déi mat ronn sechs Milliounen an 800.000 Euro finanziell sollen ënnerstëtzt ginn.
Op der portugisescher Atlantikinsel Madeira gouf haut eng Gedenkminutt fir déi 29 Doudesaffer vum Busaccident vun e Mëttwoch ofgehalen. Eventuell war e Versoe vun de Bremse Schold um Ongléck.
Wéinst falschen Opriff fir Donen nom Feier an der Notre-Dame-Kathedral huet de Paräisser Parquet elo eng Enquête an d'Weeër geleet.
Dem US-President Donald Trump no wiere verschidden Zeienaussoen am Rapport vum Spezialenquêteur Robert Mueller fräi erfonnt.