Aktuelles
D'Russland-Enquête ass public. De President feiert.
No enger bal zwee Joer laanger Enquête gouf gëschter endlech dem Robert Mueller seng Russland-Enquête public gemaach. An iwwer 400 Säite kënnt de Spezial-Enquêteur zur Conclusioun, datt Russland sech effektiv an d'Wahlen 2016 agemëscht huet, mee datt et ni zu enger Zesummenaarbecht tëschent Moskau an der Trump-Wahlequipe koum. Am Wäissen Haus gouf nees gefeiert, mee d'Detailer vun der Enquête waren net all positiv fir den amerikanesche President.
Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther huet all d'Detailer vu Washington.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
