arrow_back_ios
Aktuelles
De Wocheréckbléck am Europaparlament
Des Woch war zu Strossbuerg déi lescht Sessioun vun dësem Europaparlament. D'Parlament gëtt opgeliest - ier dann Enn Mee een neit gewielt gëtt. Vill Äddien also - fir déi eng ass et endgülteg, well se net méi kandidéieren, fir déi aner ass et nach ongewëss, wëll se net wëssen, ob se eremgewielt ginn. Op alle Fall eng Woch voller Emotiounen - dozou huet och de Besuch vun der Klima-Aktivistin Greta Thunberg des Woch am Europaparlament bäigedroen. De Simone Larosche huets ech doriwwer de Moien mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber ënnerhalen
Noriichten
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)