Kultur
Maache Pathologien den Droit pénal krank?
De Konferenzen-Zyklus "Figurationen von Krankheiten. Chancen und Grenzen der Ästhetisierung" op der Uni Lëtzebuerg hat a senger éischter Saison esou e grousse Succès, datt en 2019 ënner dem Motto "Gesondheet als Metapher" weidergeféiert gëtt. Theme sinn zum Beispill déi sozial Konstruktioun vu Gesondheet oder Gesondheet a Kontroll. D'Virliesunge sinn ëffentlech, et ass deemno jiddweree wëllkomm. Ee vun de Riedner ass de Professer Dokter Stefan Braum, Spezialist am europäeschen an internationalen Droit pénal. D'Kerstin Thalau huet mat him iwwer "Normativität und Pathologie im Kriminaljustizsystem" geschwat.