arrow_back_ios
Kultur
Et wor emol e grousse (risege?) Rechemeeschter
1 + 1 : no Adam Riese gëtt dat 2. Dat weess all Kand, mee wie vun Iech weess, wien den Adam Riese ass? De Riese war en däitsche Rechemeeschter, deen am 16. Joerhonnert als Beamten zu Erfurt Präisser fir Wueren ausgerechent, an niewebäi eng Rei Rechebicher erausbruecht huet. Déi haten esou e Succès, datt se och an de Schoulen agesat goufen, esou datt déi Zäit tatsächlech all Kand den Adam Riese kannt huet, an esou de Sproch entstanen ass. Weider Explikatioune vum Kerstin Thalau.