arrow_back_ios
Aktuelles
De Michel Pauly iwwer d'Notre Dame de Paris
Eréischt am 11. Joerhonnert ass Paräis ee méi staarkt reliéist Zentrum ginn, seet den Historiker a Mëttelalter-Spezialist Michel Pauly. An een Ausdrock dovunner ass de Bau vun der Kathedral Notre Dame, deen ëm 1163 ugefaangen huet. D'Pia Oppel huet sech mam fréiere Professer op der Uni Lëtzebuerg ënnerhalen.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
