Kultur
"Isola nostra": en Documentaire vun der Mariette Schiltz
De Kënschtler a fréieren Enseignant Bert Theis wollt mat senger Konscht ëmmer no bei de Leit sinn. Vu datt hien a seng Fra, d'Mariette Schiltz, domat zu Lëtzebuerg op daf Ouere gestouss sinn, si si viru ronn 30 Joer op Mailand ausgewandert. 2016 ass de Bert Theis no schlëmmer Krankheet gestuerwen. Ufangs Abrëll sinn eng Rei Bert-Theis-Expoen opgaangen, virop am Mudam. An deem Kader weist d'Mariette Schiltz en Documentaire iwwer hir gemeinsam Mailand-Projeten. D'Kerstin Thalau ass méi doriwwer gewuer ginn.