Blue Note
Like a Jazz Machine under New Management
Nodeems d'Danielle Igniti ufanks vum Joer an hir wuelverdéngte Pensioun gaangen ass, huet de Centre Culturel opderschmelz en neit Team u senger Spëtzt. Mam John Rech als Direkter an an enker Zesummenaarbecht mat der Patricia Jochheim, affichéiert sech déi 8. Editioun vum erfrëschendsten Jazz Festival am Land net manner ambitiéis, wéi déi virdrun. D'Konzept bleift bestoen: clever ausgewielte Lineups, e perfekten Encadrement vun den Artisten, egal ob aus In- oder Ausland, an eng sëllechen nei Kreatiounen a Releasë stinn um Menu. D'Patricia Jochheim stellt Iech mat Hëllef vum Pit Dahm a Pol Belardi d'Acts vir.