Kultur
De Sidney Poitier an d'Oscarnuecht vun 1964
Mëtt der 1960er: den Afroamerikaner Homer Smith ass op Jobsich. Op enger klenger Farm am Arizona begéint hie fënnef wäiss Nonnen, déi aus der DDR an Amerika geflücht sinn. E staarke Mann kënne si an hirem neien Alldag gutt gebrauchen. "Lilies of the Field" war den Titel vun dëser Filmgeschicht; fir d'Roll vum Homer Smith war de Sidney Poitier engagéiert ginn. Hien ass dofir als alleréischten Afroamerikaner den 13. Abrëll 1964, also viru genee 55 Joer, mat engem Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll ausgezeechent ginn. Explikatioune vum Kerstin Thalau.