Caritas Jeunes et Familles Asbl geréiert aktuell 18 Crèchen, Foyers de jour a Maisons relaise mat ronn 2.800 Kanner. Den Accent gëtt an dëse Strukturen ganz besonnesch op d'Autonomie vum Kand geluecht. Multilinguismus, Diversitéit a sozial Inklusioun si weider wichteg Pilieren. D'Associatioun organiséiert och all Joer eng Journée de découvertes fir d'Kanner an déi Professionell aus de Strukturen op ee speziellt Thema ze sensibiliséieren. Dëst Joer ass et ëm d'Gefillswelten vun de Kanner gaangen. D'Directrice vum Département accueil de jour bei der Caritas, d'Pascale Lies-Schmit, zitt am Gespréich mam Claude Faber ee Bilan vun der Journée de découvertes Gefillswelten.
arrow_back_ios
Aktuelles
Journée de découvertes Gefillswelten vun der Caritas
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
