Kultur
Comics - made in Yugoslavia
De Josip Broz Tito soll e groussen Amateur vum Comic gewiescht sinn. Soll dat de Gronn sinn, datt dëse Medium esou e grousse Succès hat? Mee net just "Donald Duck" an de "Lucky Luke" gouf et an all Zeitungskiosk ze kafen, mee och eege Produktiounen, déi meeschtens d'Heldinnen an d'Helden aus dem Zweete Weltkrich zum Thema haten. Een dovun ass "Valter brani Sarajevo" an ass elo op Däitsch ënner dem Ttel "Valter verteidigt Sarajevo" am Bahoe books-Verlag erauskomm. D'Valerija Berdi war dem Iwwersetzer Ivan Petrovic op der Leipziger Buchmesse begéint.