Kultur
De franséische Schwed oder de schwedesche Franzous
Et gëtt en Acteur, deen ass a Schweden op d'Welt komm, huet awer däitsch Originnen an zanter 2002 huet hien déi franséisch Nationalitéit: de Max von Sydow. Den Acteur gouf viru 15 Joer, 2004 also, um internationale Filmfestival zu Cannes fir säi Liewenswierk geéiert. Fakt ass awer, datt de Max von Sydow nach ëmmer virun der Kamera steet, an dat mat schonn 90 Joer, déi hien haut kritt. De Max von Sydow gouf duerch Rollen an Ingmar Bergman-Filmer international bekannt an zielt ouni Zweiwel zu de renomméiertste Charakter-Acteuren am weltwäite Filmbusiness. Detailer vum Jean Claude Majerus.