p.p1 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px; font: 11.0px Helvetica; -webkit-text-stroke: #000000}
span.s1 {font-kerning: none}
De Rojava, déi de facto autonom Kurderegioun am Nordoste vu Syrien, ass bekannt fir seng progressiv Approche zur Positioun vun der Fra. Mee iwwer de Succès eraus musse Fraen am syresche Kurdegebitt nach vill Hürden iwwerwannen: traditionell sozial Normen an déi permanent Lutte fir eng gläichberechtegt politesch Representatioun bleiwen eng Realitéit. Zu Jinwar, engem klengen Duerf ganz no un der tierkescher Grenz, hunn Frae sech dofir entscheet, ënner sech ze wunnen a mat neie Forme vum Zesummeliewen ze experimentéieren. D'Charlotte Bruneau war op der Plaz a mécht e Portrait vum Fatme, eng vun den éischten Awunnerinnen aus dem Duerf zanter senger Aweiung virun e puer Méint.