arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik(en): Shazam! an The Kid Who Would Be King
De Kannerfilm ass e groussen a wichtege Pilier fir de kommerzielle Filmbusiness. All Woch gi Kanner-, Jugend-, Familljefilmer am Kino offréiert. Datt sech an där Offer vill Mëttelméisseges bis Schlechtes verstoppt, ass normal. Et kann net alles Pixar oder Ghibli oder en neien Dennis Bots Film sinn. Mee positiv Iwwerraschunge gëtt et. "Shazam!" an "The Kid Who Would Be King" sinn zwou vun deene Iwwerraschungen. Den Tom Dockal huet se gesinn.