Aktuelles
Nomenclature: D'Dokteren erëm un den Dësch kréien
Fir d'Dokteren hei am Land ass d'Nomenclature eigentlech existenziell wichteg. An dëser Lëscht gëtt definéiert, wat si fir wéi eng Interventioun kënne facturéieren. Trotzdem ass d'Associatioun vun de Dokteren an Zänndokteren AMMD - wéinst verschiddene Kritiken - zanter geschwënn engem Joer net méi als Member an där Kommissioun derbäi, déi eng nei, méi zäitgeméiss Nomenclature soll ausschaffen. De Minister vun der Sozialer Sécherheet, de Romain Schneider, wëllt dat änneren an hofft, iwwer eng nei gegrënnte Plattform erëm all d'Acteuren un een Dësch ze kréien. Dat seet hien um Mikro vum Christiane Kleer.