Kultur
Viru 45 gewënnt Abba den Grand Prix d'Eurovision
Haut um 6 Abrëll gëtt un e ganz speziellen Anniversaire geduecht. Virun 45 Joer, de 6 Abrëll 1974 huet nämlech déi schwedesch Pop-Grupp ABBA am englesche Brighton de " Grand Prix d'Eurovision de la Chanson " mam Titel " Waterloo " gewonnen. De 6 Abrëll 1974 gouf mam Gewënn vum Grand Prix awer och eng vun de legendäerste Musek-Gruppen vun allen Zäiten gebuer, an Abba hunn och mat hirem Optrëtt fir neie Wand um Grand Prix d'Eurovision de la Chanson gesuergt. Wat Beatles fir 60er Joeren waren, waren ABBA ouni Zweiwel fir 70er Joeren. Egal wou Abba sech gewisen huet, direkt ass eng gelleg Hysterie ausgebrach.