Kultur
Evolutioun vun de Kënschtlerresidenzen
De leschten Hierscht ass déi definitiv Versioun vum nationale Kulturentwécklungsplang erauskomm. An zwar mat ganzer 62 Recommandatiounen, fir d'Situatioun fir Konschtschafender weider ze verbesseren. Direkt e puermol gëtt gefuerdert, d'Zuel vun de Kënschtlerresidenzen z'erhéijen. Kënschtlerresidenzen si mëttlerweil feste Bestanddeel vun der Kulturoffer. D'Kerstin Thalau huet am Kader vun eiser Serie 25 Joer radio 100,7 mam Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère, dem Jo Kox, iwwert d'Entwécklung vun de Residenze geschwat.