Kultur
D'Mariette Schiltz iwwert de Bert-Theis-Archiv
Den 30. Mäerz 2019 sinn an der Stad op verschiddene Plaze Bert-Theis-Ausstellungen opgaangen: virop eng grouss Retrospektive am Mudam, e Bert-Theis-Homage vun anere Kënschtler am Cercle Cité, en Utopia-Büro am LUCA. De Bert Theis, gebuer 1953 gestuerwen 2016, war duerch seng Participatioun bei der Biennale vu Venedeg 1995 international bekannt ginn, huet sech spéider mat senger Konscht zu Mailand fir eng besser Gesellschaft engagéiert. D'Kerstin Thalau huet mat senger Witfra, der Mariette Schiltz iwwert säin Ierwe geschwat.